top of page

The Luxembourg Wine Queen
2026 - Lynn

mt-logo_4c_header.png

Léif Frënn vu Maacher, vun der Musel a vum Lëtzebuerger Wäin,

 

Mäi Numm ass Lynn Asselborn, ech sinn 18 Joer al a sinn hei zu Gréiwemaacher opgewuess. Am September fänken ech meng Première am Lycée Privée Fieldgen an der Stad un.


A menger Fräizäit spillt d’Musek eng ganz zentral Roll. Ob zu Maacher am Sträichensemble oder am Geiecours, am Stater Conservatoire mat der Trompett, oder an der Harmonie Municipale Gréiwemaacher – d’Musek gehéiert fest zu mengem Alldag an erfëllt mech mat grousser Freed.


D’Drauwen- a Wäifest ass net nëmmen dat wichtegst Événement fir d'Stad Maacher, fir mech perséinlech ass et och ee ganz speziellen Highlight vum Joer. Als Maacher Meedche bewonneren ech scho säit ech kleng sinn d’Wäikinnigin mat hire Prinzessinnen. Dofir mécht et mech besonnesch houfreg, dëse September zur 76. Lëtzebuerger Wäikinnigin gekréint ze ginn. Zesumme mat menge Prinzessinnen Anne, Noémie a Lana freeën ech mech op vill flott Optrëtter an drop, mat Iech deen een oder anere gudde Pättchen ze schmaachen.


Ech hoffen, der vill vun Iech am September um Wäifest erëmzegesinn, fir zesummen op eng onvergiesslech Zäit an e gudde Pättchen unzestoussen.

 

Lynn Asselborn

Är Lëtzebuerger Wäikinnigin 2026

The Wine Queen Lynn with her princesses

Anne, Noémie and Lana

Kary_logo_black.png

Is Wäikinnigin
Musek: Georges Urwald - Text: Christiane Urwald
Gesang: Debbie Marinkovic, Georges Urwald

1

Et lieft hei zu Maacher e Meedche charmant

Et ass op der Musel an och soss bekannt

Hatt kennt sech gout aus mat de Riewen, mam Wäin

Mat Schärp a mat Kroun den néidege Schäin

 

2

Fei Pär’len, déi glënn’ren am Glas wéi een Kroun

Bäi Crémant a Wäin gëtt sein Nues un den Toun

D’Aromen entfale sech, mol fruchteg, mol herb

Wäikinnigin steet jo dofir op der Schärp

 

Refrain:

Jo, dat ass is Wäikinnigin

Zu Maacher gekréint, dem ganze Land déint

Hieft är Glas op d’Wäikinnign

Mir alleguer stinn zu dir Kinnigin

 

3

Dëst Meedche schléit gär och mol kräfteg op d’Tromm

Säi Laachen, säi Charme gëtt geniert vun der Sonn

mat jiddfereem gëtt vun dem Won ‘rof geprost

Op Fei’ren a Spaassen huet d’Kinnign Lost

 

4

Fir d’Wënzer ass d’Kinnigin Botschafterin

Op Proufdeeg a Fester ass säi ze gesinn

Mat Häerz a Verstand ass säi do bäi der Saach

Well d’Kinnigin ass jo, jo dofir gemaach

bottom of page