
Sunday, 14.09.2025 - Parade
Start: 15:00


DE WÄIFEST-BECHER

Genéisst d’Wäifest – denkt un d’Ëmwelt – behaalt een Erënnerung
Fir de Plastiksoffall beim Wäifest ze reduzéieren, setze mir och dëst Joer bei isem Cortège op den offizielle WäiFEST-Becher.
Zënter der éischter Editioun gëtt de WäiFEST-Becher an Zesummenaarbecht mat der Firma BREUER – Die Brille & Hörzentrum an IT WAS NOT ME vum Maacher Kënschtler André Scholtes realiséiert. All Joer kritt en en neien, eenzegaartegen Design.
De WäiFEST-Becher ka virum 1. Won vum Cortège fir 1 € beim mobille Becherwon kaf ginn. Och an der Mëtt vum Cortège ass et nach emol méiglech, e WäiFEST-Becher ze kafen.
Dir kënnt selbstverständlech och Äert eegent Glas oder d’Maacher Glas vun eem Stand matbréngen.
De WäiFEST-Becher ass kee Pfandbecher.
Dir huet nom Cortège 2 Méiglechkeeten:
-
Dir haalt dëst kleent Konschtwierk als Souvenir an holt e mat heem. Iwwer de QR-Code um Becher fannt Dir nom Fest Fotoen, Videoen a Reels vum Wäifest.
-
Dir huet awer och d’Méiglechkeet de WäiFEST-Becher beim mobille Becherwon, deen nom Kinniginswon kënnt, erëm ofzeginn. Mee denkt drun: Dir kréit keen Euro zréck.
D’Geld vun de Becheren, déi verkaf gi sënn, gëtt nom Fest fir e gouden Zweck gespent, an zwar geet den Don un d’Amicale Foyer Pietert vu Gréiwemaacher.
Zesumme maache mir is Wäifest e Stéck méi nohalteg!
Merci fir Är Ënnerstëtzung!