
The Luxembourg Wine Queen
2025 - Jill
Léif Frënn vu Maacher, vun der Musel a vum Lëtzebuerger Wäin a Cremant,
Ech sinn d’Jill Wagner, 20 Joer jonk an ech kommen aus der schéiner Stad Maacher.
Viru kuerzem hunn ech meng Première C am Stater Kolléisch mat Erfolleg ofgeschloss.
A menger Fräizäit verbréngen ech gären Zäit mat menge Kolleegen, si gär ënnerwee a genéissen et, nei Leit kennenzeléieren.
Zanter 13 Joer spillen ech mat vill Passioun Cello a sinn och aktiv an der Kammermusek.
Musek ass fir mech e gudden Ausgläich zu mengem Alldag a spillt (eng wichteg Roll a mengem Liewen.
A wa Vakanz ass, fënnt ee mech dacks a Kolonië mat Kanner - eng Aktivitéit, déi ech immens gäre maachen, well ech selwer eng oppen, liewensfrou an häerzlech Persoun sinn.
Als Maacher Meedche sinn ech immens houfreg, dës Joer als déi 75. Lëtzebuerger Wäikinnigin, déi exzellent Wäiner a sprëtzeg Cremante vun eiser schéiner Musel am In- an Ausland ze representéieren.
A mengem éischten, an och leschte Joer als Prinzessin hu mir scho vill Proufdeeg, Wäifester an aner Manifestatiounen iwwerstanen. Dofir freeën ech mech och dëst Joer
zesumme mat mengen dräi Prinzessinne Lynn, Anne an Noémie mat vill Freed, Engagement an Iwwerzeegung eis Miseler Produiten no baussen ze droen.
Ech invitéieren Iech häerzlech op dat 75. Maacher Drauwen- a Wäifest den 12./13. a 14. September, wou Dir Iech selwer vun deene gudde Wäiner, Cremanten an der gudder Stëmmung iwwerzeege kënnt a gäre mat mir a mat menge Prinzessinnen ustousse kënnt. Prost !
Jill Wagner
Wäikinnigin 2025
Is Wäikinnigin
Musek: Georges Urwald - Text: Christiane Urwald
Gesang: Debbie Marinkovic, Georges Urwald
1
Et lieft hei zu Maacher e Meedche charmant
Et ass op der Musel an och soss bekannt
Hatt kennt sech gout aus mat de Riewen, mam Wäin
Mat Schärp a mat Kroun den néidege Schäin
2
Fei Pär’len, déi glënn’ren am Glas wéi een Kroun
Bäi Crémant a Wäin gëtt sein Nues un den Toun
D’Aromen entfale sech, mol fruchteg, mol herb
Wäikinnigin steet jo dofir op der Schärp
Refrain:
Jo, dat ass is Wäikinnigin
Zu Maacher gekréint, dem ganze Land déint
Hieft är Glas op d’Wäikinnign
Mir alleguer stinn zu dir Kinnigin
3
Dëst Meedche schléit gär och mol kräfteg op d’Tromm
Säi Laachen, säi Charme gëtt geniert vun der Sonn
mat jiddfereem gëtt vun dem Won ‘rof geprost
Op Fei’ren a Spaassen huet d’Kinnign Lost
4
Fir d’Wënzer ass d’Kinnigin Botschafterin
Op Proufdeeg a Fester ass säi ze gesinn
Mat Häerz a Verstand ass säi do bäi der Saach
Well d’Kinnigin ass jo, jo dofir gemaach




























