D'Lëtzebuerger Wäikinnigin 2022 - Zoé
Léif Frënn vun der lëtzeborrier Musel an dem lëtzeborrier Wäin!
Mäin Numm ass Zoé, ech hunn 22 Joar a wunnen zu Maacher.
Vun kleenem u sënn ech mat meinen Elteren op isem schéine Wäifest gewiest.
Am September fänken ech am (CHL) (Centre Hospitalier de Luxembourg) un, fir mein Léier als Infirmière fäerdeg ze maachen.
No 5 Joer als Wäiprinzessin hunn ech d'Éier als 72. lëtzeborrier Wäikinnigin gekréint ze ginn, an mein Amt als Ambassadrice vum lëtzeborrier Wäin am In- an Ausland, zesumme mat meine Prinzessine Loredana, Anne-Catherine, Inês an Alina auszeféieren.
Den éischte Rendez-vous ass dann och schonn den 2. Weekend am September, wou ech mat Eech alleguer prosten an e puer flott, a virun allem onvergeesslech Stonne wäert verbréngen.
Prost
Zoé
D'Wäikinnigin Zoé mat hire Prinzessinen
Inês, Loredana, Anne-Catherine an Alina