top of page

Sonndes, 13.09.2026 - Cortège

Start: 15:00

Bildschirmfoto 2026-08-22 um 18.36.18.png
Bildschirmfoto 2026-08-22 um 18.37.01.png

DE WÄIFEST-BECHER

Genéisst d’Wäifest – denkt un d’Ëmwelt – behaalt een Erënnerung!

Fir de Plastiksoffall beim Wäifest ze reduzéieren, setze mir och dëst Joer bei isem Cortège op den offizielle WäiFEST-Becher. Zënter der éischter Editioun gëtt de WäiFEST-Becher an Zesummenaarbecht mat der Firma BREUER – Die Brille & Hörzentrum an IT WAS NOT ME vum Maacher Kënschtler André Scholtes realiséiert.

 

All Joer kritt en e neien, eenzeg­ aartegen Design. De WäiFEST-Becher ka virum 1. Won vum Cortège fir 1 € beim mobille Becherwon kaf ginn.

Och an der Mëtt vum Cortège ass et nach emol méiglech,

e WäiFEST-Becher ze kafen.

Dir kënnt selbstverständlech och Äert eegent Glas oder d’Maacher Glas vun eem Stand matbréngen. De WäiFEST-Becher ass kee Pfand­becher.

 

Dir huet nom Cortège 2 Méig­lechkeeten:

1. Dir haalt dëst kleent Konscht­wierk als Souvenir an holt e mat heem. Iwwer de QR-Code um Becher fannt Dir nom Fest Fotoen, Videoen a Reels vum Wäifest.

2. Dir huet awer och d’Méi­glech­keet de WäiFEST-Becher beim mobille

Becherwon, deen nom Kinnigins­ won kënnt, erëm ofzeginn.

Mee denkt drun: Dir kréit keen Euro zréck.

D’Geld vun de Becheren, déi verkaf gi sënn, gëtt nom Fest fir e gouden Zweck gespent, an zwar geet den Don un d’Amicale Foyer Pietert vu Gréiwemaacher. Zesumme maache mir is Wäi­fest e Stéck méi no halteg.

 

Merci fir Är Ënnerstëtzung!

bottom of page